Op den Inhalt sprangen

Clementinum

Vu Wikipedia
Clementinum
Geographesch Donnéeën
Land Tschechesch Republik
Gemeng Prag 1
Strooss Platnéřská
Koordinaten 50°5'12"N, 14°24'59"O
Donnéeë vum Gebai
Baustil Barock
Architekt(en) Johann Lukas von Hildebrandt, Carlo Lurago
Datum vum Bau 1781

D'Clementinum (Tschechesch: Klementinum) war e Jesuittekolléisch zu Prag. Et ass e gréissert Barockgebai, an der Prager Alstad, direkt beim Alstieter Bréckentuerm vun der Karlsbréck. Haut ass d'Tschechesch Nationalbibliothéik dodran, gradewéi verschidde wëssenschaftlech Instituter. Zanter dem 15. November 1995 ass de Gebaierkomplex als Nationaalt Kulturmonument klasséiert.[1]

Astronomeschen Tuerm

1556 ass de Jesuittenuerden, op Invitatioun vum béimesche Landshär, dem Keeser Ferdinand, op Prag komm. Si kruten e fréiert Dominikanerklouschter an deem se e Lycée gegrënnt hunn, deen a Konkurrenz zu der utraquistischen Karls-Universitéit stoung.[2]

Déi éischt Joerzéngte waren den Uerden (an de Lycée) finanziell schlecht drun. Mat der Géigereformatioun a Béimen, Enn vum 16. Joerhonnert waren du méi Suen do, sou datt d'Gebai restauréiert an éischt Neibaute bäikomme konnten.

1616 gouf d'Clementinum eng kathoulesch Universitéit. 1620 hunn d'Jesuitten och d'Direktioun vun der Prager Karls-Universitéit iwwerholl. 1654 huet de Keeser Ferdinand III. déi zwou zesummegeluecht. An de Joerzéngten dono hunn d'Jesuitten eng 30 Terraine ronderëm kaaft an hunn do bis 1726 deen zweetgréisste Gebaierkomplex zu Prag no der Buerg opgeriicht. Et gouf do en Observatoire, wou virun allem Zäit- a Positiounsobservatioune gemaach goufen, an zanter 1752 gouf et do och meteorologesch Miessungen. 1751 gouf ausserdeem e Mathematiksmusée opgemaach.

1773 goufen d'Jesuittenuerden am Habsburgerräich opgeléist, an de Gebaierkomplex koum an de Besëtz vun der Kroun. Déi éisträichesch Keeserin a béimesch Kinnigin Maria Theresia huet e 1781 verschiddenen Institutiounen iwwerlooss, fir se ze notzen.

Lycée

De Lycée gouf vun de Premonstratenser weidergefouert a blouf bis an d'1870er Joren am Clementinum.

Observatoire

Den Observatoire blouf bestoen, vu 1775 u goufen do all Dag meteorologesch Miessunge gemaach. Spéiderhin huet de Mathematesche Musée d'Aarbecht vum Observatoire virugefouert, zanter 1953 ass et d'Astronomescht Institut vun der Akademie vun de Wëssenschafte vun der ČSR.

Nationalbibliothéik

1781 huet d'Maria Thersesia och d'Nationalbibliothéik gegrënnt, déi de Bicherfong vu fréier iwwerholl huet.

Karlsuniversitéit

Deeler vum Gebai krut d'Karls-Universitéit, fir dodra Coursen ze halen. 1882 gouf d'Karls-Universitéit an zwee gedeelt, an eng däitschsproocheg an an eng tschecheschsproocheg Entitéit. D'Clementinum krut déi tschechesch Fakultéite fir Theologie a fir Philosophie.

Museksbibliothéik mam Mozarteum

D'Mozarteum ass 1837 entstanen, als eelst Erënnerungsplaz un de Mozart. S'ass Deel vun der Museksbibliothéik.

Gebaierkomplex

[änneren | Quelltext änneren]
Kierch Hl. Klement
Bibliothéikssall

Den haitege Gebaierkomplex gouf vun 1653 bis 1726 am Barockstil opgeriicht. En huet ronn 2 Hektar Grondfläch an ass domat deen zweetgréissten an der Stad no deem vun der Buerg. Dozou gehéieren d'Kierch vum Hl.-Clement an d'Salvatorkierch, souwéi d'Spijelkapell, d'Kapell Mariä Himmelfaart, de barocke Bibliothéikssall an den astronomeschen Tuerm, déi fir de Public op sinn.[3]

Haut ass d'Clementinum de Sëtz vun der Nationalbibliothéik vun der Tschechescher Republik. Och d'Astronomescht Institut vun der Akademie vun de Wëssenschaften ass dodran ënnerbruecht. Well et no bei der Moldau steet, an dowéinst akut vun Héichwaasser bedréit ass, ginn et Pläng, d'Nationalbibliothéik an en neit Gebai um Letná-Plateau ze plënneren. Nach gëtt et just e (kontroverséierten) Entworf dovun.

  • Kateřina Hekrdlová, Zděnek Franc: The Clementinum Library. 220th anniversary of serving the public. = Klementinská knihovna. K 220. výročí zveřejnění. Národní Knihovna České Republiky, Prag 1997, ISBN 80-7050-282-7.
  • Jaroslava Kašparová, Karel Mačák: Utilitas matheseos. Jezuitská matematika v Klementinu (1602–1773). = Jesuit mathematics in the Clementinum (1602–1773). Národni Knihovna České Republiky, Prag 2002, ISBN 80-7050-408-0 (Ausstellungskatalog).
  • Zdislav Šíma: Astronomie a Klementinum. = Astronomy and Clementinum. Narodní Knihovna České Republiky, Prag 2001, ISBN 80-7050-386-6.
 Commons: Clementinum – Biller, Videoen an Audiodateien
  • Klementinum Prag to go, mat detailléierte Beschreiwungen
  • Klementinum Offiziell Websäit fir Visitten (tschechesch)

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Klementinum USKP 175. pamatkovykatalog.cz. Národní památkový ústav.
  2. ↑ Winfried Eberhard: Geschichtliche Einführung in: Joachim Bahlcke, Winfried Eberhard, Miloslav Polívka (Hrsg.): Handbuch der historischen Stätten. Band: Böhmen und Mähren (= Kröners Taschenausgabe. Band 329). Kröner, Stuttgart 1998, ISBN 3-520-32901-8, S. LXXXV.
  3. ↑ Klementinum. prag-to-go.com.