Gemeng Ettelbréck
| Gemeng Ettelbréck | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| An anere Sproochen |
fr: Ettelbruck de: Ettelbrück |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Kanton Dikrech |
| Buergermeeschter | Bob Steichen (LSAP) |
| Awunner | 10.212 |
| 1. Januar 2026 | |
| Fläch | 1.518 ha |
| Héicht | 264 m |
| Koordinaten |
49° 50’ 47’’ N 06° 05’ 57’’ O |
| LAU-Code | LU0605 |
| Websäit | https://ettelbruck.lu/ |
|
| |
|
D'Gemeng Ettelbréck (orange) am Kanton Dikrech (rout) | |

D'Gemeng Ettelbréck ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Dikrech an ass se no der Uertschaft mam selwechten Numm benannt.
D'Gemeng huet 10.212 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].
Ettelbréck bilt, zesumme mat de Gemenge Bettenduerf, Dikrech, Ierpeldeng, Schieren a Colmer-Bierg den Zentrum vun der Nordstad.
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[3]
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften
[änneren | Quelltext änneren]Häff a Lieu-diten
[änneren | Quelltext änneren]Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Ettelbréck läit op enger Héicht vun 199 Meter (NG-L). Duerch d'Uertschaft Ettelbréck fléissen d'Uelzecht an d'Waark. Den déifste Punkt ass nieft Déifert am All op 191,5 m do wou d'Uelzecht an d'Sauer leeft.
Déi héchst Plaz ass um westlechsten Eck vun Ettelbréck am Wald nieft dem CR345 op der Grenz mat der Gemeng Feelen tëscht dem Kräizwee an der Useldéngerfréin op enger Héicht vun 386 m.
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Ettelbréck ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.
Zur Gemeng Ettelbréck hu bis den 30. Juni 1850 och nach follgend Uertschafte gehéiert: Schieren, Biertreng, Colmer Bréck, Matgeshaff, Schierener Haff, Ierpeldeng, Angelduerf a Bierden. Den 1. Juli 1850 (Gesetz vum 22. Januar 1850[4]) goufen d'Gemenge Schieren an Ierpeldeng geschaaft.
Mam Gesetz vum 24. Dezember 1906 ass d'Sektioun Bierden vun Ettelbréck getrennt a bei d'Gemeng Ierpeldeng geprafft ginn[5].
Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]
{{{1}}}
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]| Beschreiwung am Originaltext[6][7]: Écartelé: aux I et IV les armoiries nationales, aux II et III d'azur à un pont d'or sur une eau d'azur, en chef un caducée et deux gerbes de blé d'or, liées de gueules. A.M. 24. Mäerz 1953 - Mémorial 1953, Säit 327 - Projet: Louis Wirion (1951) De Wope vun der Stad aus dem Joer 1953 ass inspiréiert vun deem, deen d'Gemeng bis dohin inoffiziell gedroen hat an dee sech esou beschreiwe léisst: Écartelé: au I d'or au pont de gueules posé sur une rivière de sable; au II d'azur à trois gerbes d'or posées 2-1; au III de sable au caducée (de Mercure) d'or en bande; au IV de Luxembourg. Mat der Bréck sollt e Nummswopen (fr. armes parlantes) entstoen, deen op den Attila[8] hiweist; den Attila gëtt fälschlecherweis dacks als deen ugesinn, deen déi éischt Bréck op der Plaz sollt gebaut hunn. D'Gaarf symboliséiert d'Landwirtschaft an den Hermesstaf den Handel. |
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vun Ettelbréck gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
| Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
|---|---|---|---|---|
| 1999 | 5 | 3 | 1 | 4 |
| 2005 | 6 | 1 | 1 | 5 |
| 2011 | 5 | 2 | 2 | 4 |
| 2017 | 5 | 2 | 2 | 4 |
| 2023 | 5 | 2 | 1 | 5 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]- 1836 - 1841: Guillaume Herckmans
- 1845 - 1848: Pierre Schmit
- 1851 - 1854: Jean-Pierre Salentiny[9]
- 1855 - 1874: Jean-Pierre Schmit
- 1874 - 1878: Théodore Mongenast
- 1879 - 1888: Gustave de Marie
- 1888 - 1905: Emil Salentiny
- 1905[10] - 1914: Gustave de Marie
- 1915: Nicolas Pierre Kunnen
- 1915 - 1934: Lucien Salentiny
- 1935 - 1937: Michel Weber
- 1937 - 1939: Albert Cloos
- 1939 - 1941: Jean-Pierre Thill
- 1945 - 1950: Jean-Pierre Thill
- 1950 - 1957: Marcel Wiser
- 1958 - 1967: Léon Mischo
- 1967 - 1975: Eugène Simon
- 1976 - 1998: Edouard Juncker
- 1998 - 2003: Pierre Kraus
- 2003 - 2023: Jean-Paul Schaaf
- zanter 2023: Bob Steichen[11]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Flies, Joseph: Ettelbrück, die Geschichte einer Landschaft, 2274 Säiten, 1970, Imprimerie Saint-Paul
- 100 Joer Ettelbréck, Bäilag vum Wort vum 6. Juni 2007, 36 S.
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Ettelbréck ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Ettelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng a Stad Ettelbréck
- D'Gemeng Ettelbréck op der Websäit vum Syvicol
- Fotoe vun Ettelbréck
- Säit vun der Ettelbrécker Musek
- Gesetz iwwer d'Enstoe vun de Gemenge Schieren an Ierpeldeng Loi du 22 janvier 1850,qui érige deux nouvelles communes, l'une sous le nom de Schieren et l'autre sous le nom d'Erpeldange
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ STATEC - Population par canton et commune. Gekuckt de 6. Juli 2026.
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen, déi de Kadaster unhand vu sengen Attributiounen, déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am « Registre national des localités et des rues » opgezielt sinn. Häff a Lieu-dite sinn déi localités, wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn. Verschiddener goufen allerdéngs un d'Schreifweis vun haut ugepasst.
- ↑ (fr) Loi du 22 janvier 1850, qui érige deux nouvelles communes, l'une sous le nom de Schieren et l'autre sous le nom d'Erpeldange. data.legilux.public.lu (22.01.1850). Gekuckt den 21.06.2026.
- ↑ (fr) Loi du 24 décembre 1906, concernant la distraction de la section de Burden de la commune d'Ettelbruck et sa réunion à celle d'Erpeldange. data.legilux.public.lu (24.12.1906). Gekuckt den 21.06.2026.
- ↑ Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 101 (fr).
- ↑ (fr) Arrêté grand-ducal du 24 mars 1953 autorisant les changements à apporter aux armoiries de la Ville d'Ettelbruck. data.legilux.public.lu (24.03.1953). Gekuckt den 09.06.2026.
- ↑ „Attila“ ass am Aldäitschen „Etzel“, dowéinst „Etzelbréck“, wat méi spéit „Ettelbréck “gouf.
- ↑ Memorial N° 11 vun 1851 mam Arrêté royal grand-ducal du 21 janvier 1851, N° 59, portant nomination d'un bourgmestre.
- ↑ Memorial A - N° 12 / 15 mars 1905.
- ↑ Bob Steichen übernimmt in Ettelbrück das Bürgermeisteramt." wort.lu [w+], 12.06.2023.
