Gemeng Wëntger
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Gemeng am Kanton Clierf. Fir déi däitsch Stad an der Verbandsgemeng Saarburg, kuckt wgl. Wëncher. |
| Gemeng Wëntger | |
|---|---|
|
| |
|
Märei vu Wëntger | |
| An anere Sproochen |
fr: Wincrange de: Wintger |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Kanton Clierf |
| Chef-lieu | Wëntger |
| Buergermeeschter | Lucien Meyers (CSV) |
| Awunner | 5.038 |
| 1. Januar 2026 | |
| Fläch | 111,36 km² |
| Héicht | 490 m |
| Koordinaten |
50° 03’ 12’’ N 05° 54’ 52’’ O |
| LAU-Code | LU0502 |
| Websäit | https://wincrange.lu |
|
| |
|
D'Gemeng Wëntger (orange) am Kanton Klierf (rout) | |
D'Gemeng Wëntger ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Clierf. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Wëntger vun där se och hiren Numm huet.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Am Nord-Weste vum Éislek op engem Plateau tëscht 450 a 523 m am Kanton Clierf läit d'Gemeng Wëntger mat 27 Dierfer. Mat enger Fläch vun 113,68 km², ass se flächeméisseg déi gréisst Gemeng am Grand-Duché. D'Gemeng grenzt am Norden un Ëlwen, am Nord-Osten u Wäiswampech, am Osten u Clierf am Süden u Wanseler a Wolz an am Westen un d'Belsch.
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[3]
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften
[änneren | Quelltext änneren]Fréier Gemeng Aasselbuer
Fréier Gemeng Béigen
Fréier Gemeng Uewerwampech
Häff a Lieu-diten
[änneren | Quelltext änneren]Fréier Gemeng Aasselbuer
Fréier Gemeng Béigen
Fréier Gemeng Helzen
Fréier Gemeng Uewerwampech
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Wëntger ass den 1. Januar 1978 aus der Fusioun vun de Gemengen Aasselbuer, Béigen, Helzen an Uewerwampech entstanen[4]. Déi éischt 3 vun dëse Gemenge louchen am Clierfer Kanton, Uewerwampech huet zum Wëlzer Kanton gehéiert; déi nei Fusiounsgemeng gehéiert zum Kanton Clierf.
Bei där Fusioun, goufe 7 ha 88 a aus der Sektioun B vun Aasselbuer bei d'Gemeng Ëlwen geprafft.
D'Uertschaft Wëntger huet virun der Fusioun zur Gemeng Béigen gehéiert.
Odonymie
[änneren | Quelltext änneren]De 25. Februar 2019 kruten d'Stroossen an allen Dierfer vun der Gemeng Wëntger, als lescht am Land, offiziell Odonymmen. Virdrun hat all Haus nëmmen eng Nummer[5]. D'Nimm vun de Stroosse sinn all op Lëtzebuergesch an et gouf op déi lokal Aussprooch opgepasst. Sou heescht z. B. d'Haaptstrooss zu Kréindel an Hannerhasselt „Duarrefstrooss“ iwwerdeems et zu Helzen an Houfelt „Duärrefstrooss“ ass[6].
Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]
Quell:STATEC
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]| Beschreiwung am Originaltext: d'or à la colonne à perron surmontée d'une globe sommé d'une croix, le tout de sable, au chef de gueules au cor contourné d'or accosté de deux fleurs de lis d'argent |
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vun der Gemeng Wëntger gëtt nom Proporzsystem gewielt. E besteet aus 11 Conseilleren.
Zesummesetzung
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
| Joer | ADR | CSV | DP | LSAP |
|---|---|---|---|---|
| 2005 | 1 | 5 | 4 | 1 |
| 2011 | 1 | 5 | 2 | 3 |
| 2017 | 1 | 4 | 2 | 4 |
| 2023 | 1 | 4 | 2 | 4 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]- 1978 - ...: ...
- ...
- 1993 - 2005: Agnès Durdu
- 2005 - 2023: Marcel Thommes
- zanter 2023: Lucien Meyers (CSV)
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Wëntger ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Bekannt Leit aus der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]- Charles Becker (gebuer 1881 zu Uewerwampech), Enseignant a Schrëftsteller
- Roger Bertemes (gebuer 1927 zu Béigen), Moler a Graphiker
- Charles Bivort (gebuer 1845 zu Tratten), Entreprener, Schrëftsteller an Erfinder
- Pierre Burggraff (gebuer 1803 zu Tratten), Universitéitsprofesser
- Johan Caspar de Cicignon (gebuer ëm 1625 zu Uewerwampech), Militäringenieur, Militär, Urbanist
- Jean Mathieu Conzemius (gebuer 1775 zu Stackem), Klengadelegen an Offizéier
- Gaspard Krettels (gebuer 1918 zu Boxer), Geeschtlechen, Enseignant, Journalist a Schrëftsteller
- Nicolas Mathieu (gebuer 1880 zu Déierbech), Politiker
- Bernard-Hubert Neuman (gebuer 1818 zu Béigen), Jurist a Politiker
- Roby Treis (gebuer 1946 zu Boxer), Vëlossportler
- Nic Weber (gebuer 1926 zu Bruechtebaach), Journalist, Publizist a Schrëftsteller
- Jean Weicherding (gebuer 1843 zu Bruechtebaach), Geeschtlechen an Auteur
- Willy Wenkin (gebuer 1920 zu Weiler), Resistenzler an der belscher Resistenzgrupp B2
- Nico Wennmacher (gebuer 1947 zu Diänjen), Politiker a Gewerkschaftler
- Jean Winkin (gebuer 1905 zu Uewerwampech), Bauer a Politiker
Kuckeswäertes an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]- D'Klaus zu Helzen
- Den Altor aus der Klaus vun Helzen an der Parkierch zu Helzen
- D'Kierch zu Houfelt
- De Kanal zu Houfelt, en Deel vum Meuse-Musel-Kanal
- Klouschter op der Pafemillen
- D'Auschwitz-Monument op der Pafemillen
- Bauerenhaff mat Kapell zu Weiler
- Halifax-Monument op der Maulesmillen
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Wëntger

- Naturschutzgebitt Ramescher
- La traversée des pays et des âges, e belsch-lëtzebuergesche Wanderwee deen duerch d'Gemeng Wëntger leeft
- Bemierkenswäert Lannen zu Diänjen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Wëntger – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ STATEC - Population par canton et commune. Gekuckt de 6. Juli 2026.
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen, déi de Kadaster unhand vu sengen Attributiounen, déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am « Registre national des localités et des rues » opgezielt sinn. Häff a Lieu-dite sinn déi localités, wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn. Verschiddener goufen allerdéngs un d'Schreifweis vun haut ugepasst.
- ↑ (fr) Loi du 31 octobre 1977 portant fusion des communes de Asselborn, Boevange/Clervaux, Hachiville et Oberwampach. legilux.public.lu (01.12.1977). Gekuckt den 19.07.2020.
- ↑ "Gemeinde führt erstmals Straßennamen ein." wort.lu, 17.02.209.
- ↑ (fr) Registre national des adresses. Administration du cadastre et de la topographie. Gekuckt den 21.07.2020.
