Hamad bin Chalifa Al Thani
| Hamad bin Chalifa Al Thani | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
1. Januar 1952 Doha |
| Gestuerwen |
12. Juli 2026 Doha |
| Nationalitéit | Katar |
| Educatioun | Offizéieschschoul Sandhurst |
| Aktivitéit | Politiker |
| Auszeechnungen | Grand-croix de la Légion d'honneur, Knight Grand Cross of the Order of the Bath, Sonderstufe des Großkreuzes des Verdienstordens der Bundesrepublik Deutschland, Grand collier vum Uerde vum Infant Dom Henrique, Grand-croix vum Erléiser-Uerden, Grousskräiz vum Uerde vum Hollännesche Léiw, Orden del Libertador |
| Famill | |
| Bestuet mat | Musa bint Nasser al-Missned (1977–2026) |
| Kanner | Tamim bin Hamad Al Thani |
|
| |
De Scheich Hamad bin Chalifa bin Hamad bin Abdullah bin Dschasim bin Muhammed Al Thani (ar.: حمد بن خليفة آل ثاني) gebuer den 1. Januar 1952 zu Doha, an och do gestuerwen den 12. Juli 2026, war vun 1995 bis 2013 de Staatschef ("Emir") vum Emirat Katar.
Hie war Member vun der grousser Famill Al Thani, aus där zanter dem 19. Joerhonnert d'Herrscher vum Katar ervirgoungen.
Hien huet eng Militärausbildung zu Sandhurst gemaach, a gouf 1976 Generolmajouer vun der katarescher Arméi. 1977 gouf hien zum Krounprënz an zum Verdeedegungsminister ernannt. 1995 huet hie säi Papp, dee grad amm Ausland war, fir ofgesat erkläre gelooss a sech zum Staatschef ernannt.
An de Joren dono huet hien d'Land no an no moderniséiert. Als éischt Land an der Golfregioun gouf dat aktiivt a passiivt Walrecht fir Fraen agefouert an e Parlament, dat gewielt gouf, geschaf. Hien huet ë. a. den Televisiounssender Al-Dschasira geschaf.
2013 ass hien zu Gonschte vu sengem Jong Tamim bin Hamad al-Thani zeréckgetrueden.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Hamad bin Chalifa Al Thani – Biller, Videoen oder Audiodateien |
