Op den Inhalt sprangen

Henri Frank

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lokalpolitiker Henri Frank (1945-2026). Fir de Lokalpolitiker Henri Franck (1942-2026), kuckt wgl. Henri Franck (1942).
Henri Frank
Gebuer 4. Januar 1945
Gestuerwen 25. Oktober 2026
Alter 81 Joer
Aktivitéit Affekot, Lokalpolitiker
Fonctioun Buergermeeschter
Famill
Kanner Lynn Frank

Den Henri Frank, gebuer de 4. Januar 1945, a gestuerwen de 25. Oktober 2026[1][2], war e lëtzebuergeschen Affekot a Lokalpolitiker.

Hie war vun 1975 bis 2005 an nach eng Kéier vun 2011 bis 2017 Buergermeeschter vun der Gemeng Manternach.

Als Affekot war den Henri Frank zënter 1970 um Barreau ageschriwwen an hat zënter 1973 seng eegen Etüd; hie war op Strof-, Aarbechts-, Zivil- an Handelsrecht spezialiséiert.

Den Henri Frank war Futtballspiller beim FC Berdenia Berbuerg a vun … bis … President vun deem Veräin. Tëscht 1980 an 1984 war hie Vizepresident vun der Fédération luxembourgeoise de football (FLF)[3].

Vun 2000 bis … war hien Nationalpresident vun de Chrëschtlech soziale Gemengeréit (CSG)[4].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 27. Oktober 2026 (mat Gebuertsdatum)
  2. ↑ (lb) Fréiere Manternacher Buergermeeschter Henri Frank gestuerwen. www.rtl.lu (26.10.2026). Gekuckt de 26.10.2026.
  3. ↑ (de) Petz Lahure, Jos Hoffmann, Sechs Fragen an die Präsidentschaftskandidaten der FLF – Wie kann unser Fußball besser werden?. In: Revue, Digitised by the National Library of Luxembourg Nr 44, S. 40 (02.11.2000). Gekuckt de 26.10.2026.
  4. ↑ (de) Henri Frank. d'Lëtzebuerger Land, 47. Jg. Digitised by the National Library of Luxembourg Nr 9, S. 4. (03.03.2000). Gekuckt de 26.10.2026.