Henri Metz
Ausgesinn
| Henri Metz | |
|---|---|
| Gebuer |
7. Mäerz 1932 Esch-Uelzecht |
| Gestuerwen | 6. Juli 2026 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Dokter |
| Fonctioun | Conseiller am Staatsrot |
| Member vun | Royal College of Physicians |
| Auszeechnungen | Grand officier vum Ordre de la Couronne de chêne, Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg |
| Famill | |
| Kanner | Tilly Metz |
|
| |
Den Henri Metz, gebuer de 7. Mäerz 1932 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 6. Juli 2026[1], war e lëtzebuergeschen Neurolog an Neuropediater.
Hie war Matgrënner a Vizepresident vun der Stëftung Kräizbierg an tëschent 1992 an 1997 Direkter vum Centre hospitalier an der Stad Lëtzebuerg.[2][3]
Vun 1979 bis 2009 war hie President vun der Société des sciences médicales du grand-duché de Luxembourg, der Section des sciences médicales vum Institut grand-ducal.
Den Henri Metz war vum 15. Abrëll 1980 bis den 1. Januar 2000 Member vum Staatsrot.[4]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Grand officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2008)[5]
Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1995)[6]
Privates
[änneren | Quelltext änneren]Den Henri Metz ass de Papp vun ë. a. der Tilly Metz[1].
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- 1 2 Familljenannonce am Luxemburger Wort vum 07.07.2026, S. 24
- ↑ Annoncen am Luxemburger Wort vum 09.07.2026, S. 27
- ↑ Romain Kohn, « Die Schweigepflicht des Doktor M. », d’Lëtzebuerger Land, 28 février 1997, p. 3.
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.
- ↑ (fr) Remise de médailles Au Musée national d’histoire et d’art. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 34. Escher Tageblatt (25.06.2008). Gekuckt de 07.07.2026.
- ↑ (fr) Remise de distinctions - Conseil d'Etat. viewer.eluxemburgensia.lu säit 17. Escher Tageblatt (22.06.1995). Gekuckt de 07.07.2026.
