Marcel Reimen
| Marcel Reimen | |
|---|---|
|
De Marcel Reimen 2024 | |
| Gebuer |
26. Juli 1946 Rëmeleng |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Pedagog, Diplomat |
| Auszeechnungen | Großes Silbernes Ehrenzeichen mit dem Stern für Verdienste um die Republik Österreich, Commandeur vum Ordre de la Couronne de chêne, Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg |
|
| |
De Marcel Reimen, gebuer de 26. Juli 1946 zu Rëmeleng, ass e lëtzebuergesche Pedagog, fréieren héije Staatsbeamten an Diplomat.
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]Nodeems hien um Institut pédagogique studéiert hat, gouf hien 1968 Schoulmeeschter. 1971 huet hie säi Studium an der Erzéiungswëssenschaft op der Universitéit Heidelberg weidergefouert an ofgeschloss am Beräich Pedagogik fir Kanner mat Sprooch- an Héierstéierungen an, zousätzlech, fir Kanner mat Kierperbehënnerung. 1975 krut hien de Lëtzebuerger Diplom vum professeur d'enseignement logopédique.
1975 gouf hien Direkter vum Institut fir zerebral erkrankt Kanner. Hie war bei der Grënnung vun der Stëftung Kräizbierg matbedeelegt, souwéi vu villen anere Strukture fir Leit mat Behënnerungen. Hie gëtt och Coursen a Sonnerpedagogik um Institut de formation pour éducateurs et moniteurs d'éducation différenciée.
Vun 1984 bis 1998 war hie Regierungsrot am Gesondheets- a Sozialministère. Hien huet virun allem bei der Aféierung vum garantéierte Mindestakommes (1986), bei der Fleegeversécherung (1998) a bei der statutarescher Grënnung vum Rehazenter Lëtzebuerg (1995) a vum Radiotherapiezenter François Baclesse zu Esch-Uelzecht (1995) matgeschafft. Hie gouf 1995 als administrateur général ernannt. Vun 1988 bis 1998 war hie President vum Verwaltungsrot vum Thermalbad Munneref a vun 1993 bis 1998 President vum Centre hospitalier de Luxembourg.[1]
Hie war och vun 1987 bis 1990 Gemengerot an der Fiels.
Déi sougenannt Dysfonctionnementer am Gesondheetsministère, hunn Enn Januar 1998 zur Demissioun vum Minister Johny Lahure a sengem administrateur général Marcel Reimen gefouert.[2][3] De Marcel Reimen gouf vun engem Deel vun der politescher a medialer Klass als Matverantwortlechen ugesinn. D'Justiz mécht deem 5 Joer duerno en Enn: den 1. Juli 2003 sprécht d'Chambre du Conseil vum Tribunal d'arrondissement zu Lëtzebuerg en Non-lieu an entlaascht de Marcel Reimen op der ganzer Linn.[4][5]
Am Joer 1998 wiesselt hien an den diplomateschen Déngscht. E gëtt Éischte Regierungsrot an der Stänneger Vertriedung vu Lëtzebuerg bei der Europäescher Unioun zu Bréissel. Do verfollegt hie besonnesch Dossiere vum Noen Osten a vu Latäinamerika, d'Ausseminister-Reuniounen an d'Relatioune mam Europaparlament. Am Joer 2005 gouf hien zum bevollmächtegte Minister (Ministre plénipotentiaire) a permanente Stellvertrieder bei der OECD zu Paräis ernannt, wou hien 2010 Vizepresident vum Exekutiv-Kommitee gouf.
Vun 2004 bis 2009 war hie President vum Verwaltungsrot vun der Drogenagence vun der Europäescher Unioun (EUDA, European Union Drugs Agency) zu Lissabon.[6][7]
Hien ass 2011 an d'Pensioun gaangen. Bis 2013 war hie Member vun der LSAP an zënterhier ass hien a kenger Partei méi.
Zënter 2004 ass hie President vun der Macchina d'epoca ASBL[8], e Veräi fir d'Frënn vun historeschen, haaptsächlech italieeneschen, Autoen a Motorrieder.
Hien ass Papp vun engem Jong, dem Frank Reimen.
Verëffentlechungen
[änneren | Quelltext änneren]- Die Förderung Schwerstbehinderter - Integration in verschiedene Fachdisziplinen, in: Die Förderung Schwerstbehinderter, Erfahrungen aus 7 Ländern, Verlag der Schweizerischen Zentralstelle für Heilpädagogik, Luzern, 1981
- Macchina d'epoca a Wuert a Bild, Reka Lëtzebuerg 10/2023, ISBN 978-99959-0-921-5
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (1995)[9] [10]
Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (1986)
Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (1993)[11]
Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (1988)
Großes Silbernes Ehrenzeichen mit Stern für Verdienste um die Republik Österreich (2009)[12].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Marcel Reimen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Marc Gerges, Plan hospitalier, Pour la gloire. land.lu (30.12.1999). Gekuckt den 28.07.2025.
- ↑ (fr) Reimen chute avec Johny Lahure. Le Journal Financier de Luxembourg AGEFI (26.01.1998). Gekuckt den 28.07.2025.
- ↑ (de) Pol Schock, 20 Jahre Santé-Affäre, Scheinrechnung. wort.lu (22.01.2018). Gekuckt den 28.07.2025.
- ↑ Ordonnance de la Chambre du Conseil du Tribunal d'arrondissement de et à Luxembourg en date du 1er juillet 2003 sous référence No 1012/03 - not. 723/98/CD
- ↑ Denis Berche, Une interview exclusive de Marcel Reimen :"Je n'ai jamais pu faire citer de témoins an Marcel Reimen et Bruxelles : j'aurais refusé un placard., Le Jeudi, 11.03.1999, S. 4
- ↑ Marcel Reimen. www.euda.europa.eu. Gekuckt den 28.07.2025.
- ↑ Thorsten Fuchshuber, DROGENPOLITIK: Koks & Co.. woxx.lu (02.12.2005). Gekuckt den 28.07.2025.
- ↑ Glenn Schwaller, Fiat statt Ferrari, Macchina d'epoca: Ein ungewöhnlicher Oldtimer-Verein feiert Jubiläum. wort.lu (16.04.2024). Gekuckt den 28.07.2025.
- ↑ (fr) Gouvernement - Ordre de la Couronne de Chêne Commandeur. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 17. Escher Tageblatt (22.06.1995). Gekuckt den 09.07.2026.
- ↑ Memorial B n° 6 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1995 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 93 vun deem Memorial steet 'Promotion 1995' wärend op der säit 94 'Promotion 1994' steet.
- ↑ (de) Ordensüberreichung im Staatsministerium Verdienstvolle Regierungsbeamte wurden ausgezeichnet - Ordre de mérite. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 13. Escher Tageblatt (19.06.1993). Gekuckt den 09.07.2026.
- ↑ Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten op der Säit 1923. Gekuckt den 11.09.2025.
