Op den Inhalt sprangen

Sudoku

Vu Wikipedia
E Sudoku

Sudoku, op Japanesch 数独 sūdoku, kuerz fir 数字は独身に限る sūji wa dokushin ni kagiru, wiertlech „Eng Zuel bleift ëmmer eleng“, ass en Zuelepuzzle oder en Zuelerätsel, wou dat eenzegt, wat gefrot ass, Logik ass. Aner Nimm fir dëst Spill si Su Doku oder Number Place.

Spillreegelen

[änneren | Quelltext änneren]

Sudoku spillt sech an engem Quadrat, dat aus 9 × 9 Casen opgebaut ass. Da gëtt et nach 9 Ënnerquadraten, déi aus 3 × 3 Casë bestinn. D'Zil ass et fir déi eidel Casen opzefëllen, andeems:

  • an all Kolonn d'Zifferen 1 bis 9 agedroe sinn;
  • an all Rei d'Zifferen 1 bis 9 agedroe sinn;
  • all 3 × 3 Ënnerquadrat d'Zifferen 1 bis 9 mussen dra sinn.

Opgepasst! Eng Kolonn, Rei an Ënnerquadrat däerf also keng Ziffer duebel hunn.

D'Spill gouf ënner dem Numm Carré latin vum Schwäizer Mathematiker Leonhard Euler am 18. Joerhonnert erfonnt.

Sudoku gouf allerdéngs eréischt populär, wéi déi japanesch Zäitschrëft Nikoli d'Rätsel ënner dem Numm 数独 (Sudoku, vun su "Nummer" an doku "eenzel") erausbruecht huet. Et ass awer eréischt zanter datt brittesch Zeitungen am Joer 2005 d'Spill entdeckt hunn, datt aner Länner an den Internet Sudoku spillen. Fir Däitschland, zum Beispill, ass et d'Handelsblatt, dat ugefaangen huet, de Lieser Sudoku unzebidden.

 Commons: Sudoku – Biller, Videoen an Audiodateien